WAT ASS CYCLEHACK?

Mei iwwer d’Konzept vum ‘hackathon fir de Vëlo’

CycleHack ass eng global Beweegung där hir Missioun et ass, d’Welt duerch d’Reduzéiere vu Barrièrë ronderëm de Vëlo eng méi nohalteg Plaz ze maachen.


CycleHack konzentréiert sech drop, d’Leit op enger Plaz ze versammele, fir Diskussiounen ze fuerderen a Léisungen zu Barrièren ze generéieren, déi d’Vëlofueren am Kader vun der Mobilitéit beréieren. Eng Rëtsch Aktivitéiten hëllefen, déi verschiddenste Gruppe vu Leit mat de verschiddenste Fähegkeeten an Erfahrungen zesummen ze bréngen, an eng aner Approche zum Vëlofueren ze kréien.


Duerch d’Verstäerken an Zesummebrénge vun eenzele Persounen, Organisatiounen a Regierunge kënne Synergien entstoen, Erfahrungen ausgetosch ginn an neiaarteg Iddie ronderëm de Vëlo fonnt ginn. Doduerch bild sech eng méi gesond, méi aktiv an nohalteg Zukunft.


Ënner anerem gegrënnt vum Sarah Drummond, Matthew Lowell a Johanna Holtan ass de CycleHack ee Mechanismus deen d’Leit zesummebréngt fir verschidde Suerge ronderëm de Vëlo op eng positiv Manéier z’adresséieren an eng Plattform ze schafe, fir pro-aktiv Léisungen an der Welt vun der Mobilitéit an dem Vëlo ze fannen. Zesummen huet de Grupp 2014 CycleHack gegrënnt an ass 2016 zu enger richteger globaler Beweegung gewuess.


Duerch d’Method vum Design Thinking [0] an d’Schafe vu multidisziplinären Equippe mat engem Fokus op d’Endbenotzer, ass d’Zil Léisungen ze fannen, d’Barrièrë ronderëm de Vëlo ofzebauen an et méi accessibel, sécher a flott fir déi ze maache, déi eis Stroossen notzen.


Duerch den Hackathon [1] Global CycleHack deen all Joer ofgehale gëtt, bidde mir de CycleHacker Zougrëff op Geschir, Prozesser an eng Communautéit, fir genau ze verstoe wéi eng Barrièren an hirer Regioun ronderëm de Vëlo existéieren, a wéi dës duerch Design a nei douce Mobilitéits-Konzepter kënnen iwwerwonne ginn.


Déi verschidde Barrièren

Duerch d’Erfahrungen déi säit 2014 gesammelt goufe, kann een zwou Ënnerkategorië vu Barrièrë feststellen: MicroMacro. Dëst ass natierlech ofhängeg vun all Land, Stad an Duerf a soll als graffe Modell gëllen. Et gi keng falsch oder richteg Barrièren. All Barrière ronderëm de Vëlo ass derwäert erofgesat ze gi, well am Endeffekt jiddereen dovunner profitéiert, op um Vëlo oder net.

Micro Barrièrë sinn déi kleng Problemer, wéi zum Beispill: Wéi kann ech dës Kräizung méi sécher fir de Vëlo maachen? Oder wéi kann ech et méi einfach maache fir de Vëlo am Zuch/Bus/Tram mat ze huelen?

Macro Barrièrë sinn déi méi grouss Problemer, wéi zum Beispill: Wéi kritt ee méi Mënschen op de Vëlo? Oder wéi kann een all d’Stroossebenotzer méi opmierksam openee maachen?

Barrièrë sinn individuell verschidden, ännere je no sozialem Kontext a brauchen all ugepassten Léisungen. Mir sinn oppe fir all Barrière a CycleHack Iddi. Fir besser ze verstoe wat op ee beim CycleHack Evenement duerkënnt, ginn et 5 Beispill Kategorien:

 

Digital

Dëst kann eng App sinn, Vëlo Software, e Wee fir méi Date ronderëm de Vëlo zougänglech ze maachen oder ze sammelen.

Evenementer/Campagnen

Dëst kann eng Iddi si fir e Message oder e spezifescht Evenement nom CycleHack ze plangen an ze lancéieren oder als Test während der Veranstaltung.

Um lokale Plang

Dëst kann ee CycleHack sinn, deen sech ganz spezifesch ronderëm eng Lokalitéit, Regioun oder Deelstéck vun der Strooss dréint.

Physesch

Dat kann ee Produit oder Service sinn, deen als Prototyp existéiert oder an engem bestëmmte Format visualiséiert gëtt. Et kéint eng nei Form vu Stroosseschëld sinn oder en Accessoire fir de Vëlo.

Politik

Dëst kann ëm d’Gouvernance vum Vëlo goen, ee Manifest oder Prinzipie fir eng Iddi oder en Design. Et kann d’Form unhuele vun engem Manifest wéi een an enger Stad d’Vëlofuere promouvéiert oder eng Beschëlderung fir Vëlo-frëndlech Geschäfter.

 

Dacks sinn déi verschidde CycleHacks matenee vermëscht an zwou oder méi Kategorie kommen zesummen.

 

[0] Design Thinking ass een Usaz, deen zum Léise vu Problemer an zur Entwécklung vu neien Iddie féiere soll. D’Zil ass et dobäi, Léisungen ze fannen, déi aus dem Benotzer senger Siicht iwwerzeegend sinn. Am Géigesaz zu aneren Innovatiounsmethode kann a gëtt Design Thinking deels net als Method oder Prozess, mä als Usaz beschriwwen, deen op den dräi gläichwäertege Grondprinzipien Equipe, Raum a Prozess berout.

 

[1] En Hackathon (ofgeleet vun “Hack” a “Marathon”) ass ee kollaborativt Software- an Hardware-Entwécklungs-Evenement. Alternativ kann et och als “Hack Day”, “Hackfest” oder “Codefest” bezeechent ginn. D’Zil vun engem Hackathon ass et, bannent der Dauer vum Evenement, zesummen nëtzlech, kreativ oder lëschteg Soft- oder Hard-ware-Produiten z’entwéckelen. D’Participante kommen dacks aus verschiddenen Themegebitter a notzen d’Synergië fir dës Diversitéit ze fusionéieren. En Hackathon huet dacks ee spezifescht Thema oder e Fokus op eng bestëmmten Technologie.

Cyclehack collage 1
Cyclehack collage 2